Déifferdanger Campingslidd!

 

Déifferdanger Campingsfrënn gi mir genannt,

Camping ass gesond fir Mann a Fra a Kand;

Leie mir am Summer dann an eisem Zelt,

gët fir eis näischt Schéineres op dëser Welt!

 

Refrain: Camper Hallo, Camper  Hallo,

d’A.C.D. ass iwwerall an ëmmer do!

Camper Hallo, Camper  Hallo,

d’A.C.D. ass iwwerall an ëmmer do!

oooOOOooo

 

Bei dem Camping gët ët jo niemools eng Panne,

d’hëlleft een deem Aaneren wou en nëmmen kann;

mir haalen zesummen all ewéi éng Klack,

trei zu eisem Féndel, trei zu eiser Plaque!

Ref.:  ….

oooOOOooo

 

D’A.C.D.  ass iwwerall och gär gesin,

mam Zelt, mat der Caravane a mat der Maschinn;

ass um Rally d’Lagerfeier ugefaang,

laache, spaasse mir dann och nach stonnelaang!

Ref.:  ….

oooOOOooo

 

 Paake mir zesummen, oh dat deet eis leed,

wéll am schéine Summer haate mir vill Freed!

Maache mir schon Plangen dann op eisem Bal,

an de Wanter-Soiréeen  am Clublokal!

Ref.:  ….

oooOOOooo

 

Ët gët esou guer eng franséisch Versioun!!!!!

 

Nous sommes les campeurs, les amateurs d’air pur,

nous campons sur l’herbe et couchons sur le dur!

Campeur, randonneur, ça c’est notre renom,

nous changeons d’adresse, quand et comment nous  l‘voulons!

Refrain: Campeurs, Allo, Campeurs, Allo,

De camps et rallyes, l’A.C.D. est toujours là!!!

Campeurs, Allo, Campeurs, Allo,

De camps et rallyes, l’A.C.D. est toujours là!!!

 

Texte et musique: Hary Bichel    (1953 +-??)